Wikipedia:Administrateuren

Dës Säit huet als Zil Iech e bësse méi no ze bréngen, wien d'Administrateure (och alt Sysops, Englesch fir system operators) sinn, wat si maachen a firwat si do sinn. Eng Lëscht vun den Administrateuren oder kuerz Admine kann hei consultéiert ginn: Adminslëscht.
Firwat gëtt et Adminen?
[Quelltext änneren]Fir e Site wéi d'Wikipedia oprecht z'erhalen, wou all Dag eng Dose Leit un den Artikelen änneren, brauch een eng Rei „Waffe“ fir Feeler ze verbesseren, Säiten am schlëmmste Fall ze läschen, an temporär Säiten ze blockéieren oder Vandale beim Zerstéiere vun Artikelen z'ënnerbriechen.
Aus evidente Sécherheetsgrënn kënnen dës Aufgaben net vun all x-belibegem Benotzer gemaach ginn an dowéinst hu verschidde Benotzer speziell Rechter, an dat sinn d'Administrateuren.
Dëse Statut gëtt deene Benotzer uvertraut, déi schonn eng Zäitche bei Wikipedia dobäi sinn an d'Vertraue vun deenen anere Benotzer genéissen.
Wat kann en Admin maachen?
[Quelltext änneren]Adminen hu speziell Rechter géintiwwer deenen anere Benotzer op der Wikipedia. Si kënnen:
- Säite protegéieren a se nees fräi ginn, an och protegéiert Säiten änneren (wat normal Benotzer dee Moment net méi kënne maachen).
- Säite mam Historique komplett läschen. Kuckt dowéinst d'Säit Wikipedia:Läschen.
- geläscht Säite consultéieren an noutfalls restauréieren (nees aktivéieren), andeems si Zougrëff op eng Datebank hunn, déi den Admine virbehalen ass.
- IP-Adressen a registréiert Benotzer spären, sou datt dës net méi op d'Wikipedia schreiwe kënnen.
- d'Systemmessagen änneren iwwer de MediaWiki-Nummraum.
En Admin huet keng weider Informatiounen zu enger IP-Adress oder dem Courrier tëscht de Benotzer wéi déi aner Benotzer och.
Rechter a Flichten
[Quelltext änneren]En Admin huet déi selwecht Rechter a Flichte wéi all normale Wikipedia-Benotzer:
- un den Artikele matschaffen, déi hien interesséieren;
- op Froen äntweren, souwäit e kapabel dozou ass;
- nei Wikipedianer an d'Famill ophuelen;
- e bësselche raumen (zum Beispill um Stamminee);
- oppassen, datt keen auteursrechtlech geschützte Contenu op der Wikipedia steet, bei Texter genee wéi bei Biller;
- Contenu, deen als Vandalismus ugesi gëtt, läschen (andeems d'Säit einfach eidel gemaach gëtt).
Op kee Fall huet en Admin méi Méiglechkeete wann et ëm d'Artikelschreiwe selwer geet. All dës Rechter a Flichten si kee Privileeg vun engem Admin, all Benotzer ka sech dorëms këmmeren, genee sou wéi en Admin net gezwonge ka ginn, all Woch um Stamminee ze raumen.
Wéi gëtt een Admin?
[Quelltext änneren]Adminkandidature kënnen op dëser Säit Wikipedia:Adminkandidaturen agereecht ginn, wou da vun den anere Benotzer ofgestëmmt gëtt.
Konsequenze vun engem Muechtmëssbrauch
[Quelltext änneren]E Muechtmëssbrauch vun engem Admin ass en onéierbaart Benotze vun de Mëttelen, déi him zur Verfügung stinn, an déi keng Ausnam (cf. hei drënner) duerstellen. Wann Iech esou ee Fall virkënnt, schreift e wgl. heihin, mat der Sanktioun, déi ärer Meenung no ubruecht ass, a wa méiglech enger URL als Beweis fir de Mëssbrauch.
A kengem Fall dierf en Admin:
- eng Säit blockéieren, well e Versiounskonflikt mat anere Benotzer besteet;
- e Benotzer blockéieren, ouni déi üblech Demarche iwwer Wikipedia:Vandalismus geholl ze hunn;
- eng Säit läschen, ouni se virdrun op der Säit Wikipedia:Läschen ugekënnegt ze hunn.
Ausnamen
[Quelltext änneren]Bei klengem an/oder evidentem Vandalismus (z. B. eng Persoun, déi eng Säit opmécht, fir „Coucou“ ze schreiwen) kann den Admin natierlech dës Säit direkt läschen, ouni iwwer d'Wikipedia:Läschen-Säit ze fueren. Dës betrëfft awer nëmmen déi Säiten, wou keng pertinent Informatioun fir d'Enzyklopedie ze fannen ass. Kuckt och Wikipedia:Direkt Läschen.
Historique vun den Adminen
[Quelltext änneren]Déi folgend Tabell lëscht all d'Adminen op, déi et op der lëtzebuergescher Wikipedia gouf oder gëtt, zesumme mam Datum, wéini se den Adminstatus kruten a wéini se en eventuell verluer hunn[1][2].
| Datum | + Admin | - Admin | Gesamtzuel |
|---|---|---|---|
| onbekannt[3] | Briséis | 1 | |
| onbekannt[3] | Cornischong | 2 | |
| 21. Februar 2005 | Zinneke a | 3 | |
| 20. Abrëll 2005 | Otets a | 4 | |
| 4. Mäerz 2006 | Alexandra | 5 | |
| 14. Mee 2007 | Les Meloures a | 6 | |
| 14. Mee 2007 | Pecalux | 7 | |
| 9. Juni 2008 | Cornischong | 6 | |
| 2. August 2008 | Robby a | 7 | |
| 2. Mäerz 2011 | MGA73 | 8 | |
| 2. November 2013 | Pecalux | 7 | |
| 11. Oktober 2014 | Briséis | 6 | |
| 28. August 2016 | Alexandra | 5 | |
| 10. September 2018 | MGA73 | 4 | |
| 21. November 2024 | Volvox a | 5 | |
| 19. September 2025 | GilPe a | 6 |
Déi aktuell Admine si mat engem a markéiert.
Kuckt och
[Quelltext änneren]Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Fir d'lescht iwwerpréift den 23. Januar 2026.
- ↑ Dës Lëscht gouf zesummegestallt, andeems op der Säit Special:Logs/rights gekuckt gouf, wien d'Adminrechter kritt huet, an da mam Benotzernumm op https://xtools.wmcloud.org/ec/lb.wikipedia.org/Benotzernumm nogekuckt gouf, wéini den Adminstatus eventuell entzu gouf. Ausserdeem sinn d'Briséis an de Cornischong Admine gewiescht, wat zwar net am lokale Logbuch vun de Benotzerrechter optaucht, awer duerch den Entzuch vum Adminstatus op xtools beluecht ass. Ofgesi vum Briséis a vum Cornischong gouf et kee Benotzer, dee Säite geläscht huet (wat e Privileeg vun Adminen ass), ier d'Logbuch vun de Benotzerrechter gegraff huet an d'Admine systematesch erfaast huet.
- 1 2 Op xtools liest ee bei Benotzer, déi fréi erweidert Rechter kruten: Note: removals of a right without corresponding additions are due to rights changes not being logged in very early versions of MediaWiki. Sou z. B. op https://xtools.wmcloud.org/ec/lb.wikipedia.org/Briséis.